Warum sollen wir hier nicht ab und zu ein Geschichtchen erzählen? Zumal wo die Fasnacht vor der Tür steht. Also:
Dem Spierkel sein Appetit.Elo verzielen ech, wat demols aß geschitt - Ma’m Spierkel aus dem Gronn an sengem Appetit. - De Spierkel aus dem Gronn, de konnt onhemlech baffen, - De Spierkel huet gebafft, aß we’ de’ aner schaffen, - De Gilli laßgeknäppt an d’Aerm erobgeschierzt - Huet hien sech ob de Kascht we’ ob e Feind geftierzt. - Sei Leffel wor e Schwiert, sei Messer wor e Sabel, - Hie sot: ’t get kee Pardong! Erob a fort ma’m Jabel, - Gesueden a gebaak, gebroden a gekacht, - De Feind, den aß eran a mir gewannen d’Schlacht!
Hei enges sche’nen Dags, du woren s’am Verzielen, - We’ desen a we’ den sech könnt de Mo ersielen: - De Mettes vun der Schmelz, den hätt ob engem Sieß - Zeng Liter Wei gedronk an zeng Pond Rendfleesch gieß. - En decke Millerkniecht vun Hastesch sot: Ech wetten, - Ech packen zeng Pond Bro’d an zwielef Koteletten! - Ee wor en Held am Pankoch, een am Kuddelfleck, - En anren am Geme’s, en anren an dem Speck, - En anren an de Fösch - Ob eemol seet de Spierkel: - Dat elo aß Kannerspill! Ech e’ß e ganzecht Fierkel, - E Fierkel vun drei Meent a fönfanzwanzeg Pond, - A wann ech dat net packen, da sin ech net gesond!
Dat loßen si fech du natierlech net gefalen. - E get ma’m Wuert geholl, an d’Wetteng get gehalen. - Um nächste Maart do get e giedlecht Fierkel kaaft - An all dat anert Emgere’ts erbei geschaaft. - Am Stammine’ do get eng Kommissio’n genannt, - De’ hölt de’ ganz Affär ma’m Fierkelsfroß an d’Hand. - Se le’ßt emol fir ’t e’scht ob allerkee Mane’ren, - Fir d’Saach me’ liicht ze ma’n, dat Fierkel prepare’ren, - De Kapp, an d’Hämmercher, an d’O’eren an d’Fe’ß, - Gebroden a gebeezt, als Gelli an als Ke’ß. - So’ stongen s’ an der Reih, e Stecker 12 Pla’en: - Eng Se’legkeet fir d’Zong, e Paradeis fir d’A’en. - De Spierkel setzt sech un, de’ aner ronderem, - ’t aß alles maischestell, et he’ert ee keng Stömm. - Den e’schte Plettel kömmt. De Spierkel spillt ma’m Messer. - A scet: Wat aß dat do? Ech hoffen, ’t könnt nach besser. - Se brengen Numro zwee: Dat aß fir eng Minutt. - De Spierkel seet: Dajee! Ech hu nach völleg Sputt! - Sei Messer aß eng Schepp, seng Forschett aß eng Trausel, - Sei Mond aß e Bakuewen, all Pla get grad ee Manfel.
A fir et kurz ze so’n: An enger Ve’relstonn - Du war de leschte Pla vum Fierkelche verschwonn. - Elo aß et dees genug! sot du mei gudde Spierkel. - Get dat Gelecks der Kaatz a brengt dir mir mei Fierkel!